• "Bloe" Wiessel am Gemengerot !
  • • Merci Léon Lentz, Bonne Chance Nico Funck.

    Zënter dem 20. Oktober 2004 war de Léon Lentz am Käerjenger Gemengerot. 2 Joer als Schäffen, dunn 3 Joer als Conseiller, vun 2008 bis 2011 nees als Schëffen, an elo bis de 15. Mee 2015 als Conseiller an der Oppositioun. Mär soen dem Léon villmools Merci fir seng Arbecht déi hien am Déngscht vun de Käerjenger Bierger a vun der DP an deenen 11 Joer geleescht huet, a wënschen him elo nach vill Freed a senger “Pensioun”.
    Den neie Mann a senger Plaz am Gemengerot ass dann elo den Nico Funck. Hien ass 1972 als jéngste vu 4 Kanner vum Maria a Mathias Funck zu Käerjeng op d’Welt komm. An der Tëschenzäit ass hie bestuet mam Diana Arroyo Barros Da Silva, ass Papp vun 3 Jongen a schafft op der Bunn.
    Bekannt ass den Nico nëtt als Politiker ginn, mee als Fussballspiller. A senger laanger Carrière huet hien beim F.C. Jeunesse Hautcharage, der Red Boys Differdange, dem C.S.G. Grevenmacher, dem F91 Dudelange an zum Schluss och bei der U.N. Kaerjeng 97 gespillt. An där Zäit huet hien och sämtlech Selektiounen an der Nationalequipe duerchlaf (17 A Mätcher vun 1997 bis 2002). No senger aktiver Spillerzäit trainéiert den Nico an de leschte Joer verschidde Jugendequipen, an aktuell ass hien Trainer bei der Etoile Schouweiler.
    Elo fir déi nei Charge wëllt hien sech besonnesch fir d’Interessi vun der Famill an och vun de Veräiner asetzen. Zesumme mat de Kollegen aus der DP Sektioun wärt hien sech awer och all deene Saachen unhuelen déi nëtt esou riicht lafen. Mär wëllen eng konstruktiv Oppositiouns Politik maachen, awer nëtt zécken de Fanger op d’Wonnen ze leeën !
    Mär wënschen dem Nico vill Chance a Succès a senger neier Funktioun.