• GROUSSE KRICH ZU KÄERJENG ?
  • • Ausstellung “Les Luxembourgeois et la Grande Guerre” oder wéi eis Geld zur Fënster eraus geworf gëtt.

    Elo erschreckt net, grad esou schlëmm wéi sech den Titel vun eisem Informatiounsblat unhéiert gëtt et net, op der aner Säit ass et awer och keng kleng Affär déi eis hei beschäftegt!

    430.000 € Gemengesue fir eng Ausstellung

    Den 10. Oktober huet de Buergermeeschter a säi Schäfferot, géint de Wëlle vun der DP an der LSAP, mä mat de Stëmme vun der CSV, de Gréngen, de BIGK an der onofhängeger Conseillère, Mme Dr. Schmit, ee Subside vu 430.000 € gestëmmt, fir d’nächst Joer am Juni, während nëmme 4 Wochen, eng Ausstellung an der Hall 75 zu Nidderkäerjeng ze organiséieren, déi just iwwer den éischte Weltkrich geet. Doranner sinn 158.000 € fir déi Leit virgesinn déi dës Ausstellung zesumme stellen, an zwar 78.000 € fir de Curateur, 20.000 € fir de Scénographe an 60.000 € fir Historiker. Hall 75 gëtt mat vill Opwand ëmgebaut an nei ugestrach, Sécherheetssystemer ginn nei gemaach, alles dat fir 4 Wochen Ausstellung. Duerno, esoubal wéi déi nei Hall “Käerjenger Treff” fäerdeg ass, gëtt si ofgerappt. Schilda pur !

    Verschwenden vu Steiersuen
    De Programm vun der Ausstellung ass, wéinst hirer kuerzer Dauer, bescheiden: Et gi jee 3 Konferenzen a Concerte fir zesumme 4.500 €, 14 Ateliere fir Jonker fir 3.500 €, a Féierunge fir 5.000 € gehalen.
    Datt si net wierklech rechne kënnen huet Majoritéit domat bewisen, datt am Budget vun der Sécherheet 5.000 € net mat verrechent waren, geneesou wéi si eng “Garantie de bonne fin” vun der Regierung bei Recettë gesat hunn, woubäi dës Suen nëmmen dann asprange wann de Budget vun den Depensen iwwer déi ageschriwwe Recettë vu 437.000 € (mat 430.000 € Subside vun der Gemeng) goe géif, wat elo scho mat -5.542 € de Fall ass.
    Mir gleewen net drun datt Sponsore bereet sinn, dës Ausstellung ze ënnerstëtzen: et ass net einfach mat esou engem grausamen Thema positiv Sponsor- Messagen eriwwer ze bréngen. Et ass och näischt am Budget virgesinn

    Mir froen eis, an eis Bierger a Steierzueler bestëmmt och, firwat datt dës Majoritéit 430.000 € ausgëtt fir eng Ausstellung, déi näischt mat der Gemeng ze dinn huet. Dës Sue kéint een och besser verwenden: fir eis eeler Matbierger, fir eis Jugend, fir eis Clibb, fir de Sport oder fir eise Scholdebierg ofzebauen!

    Null Transparenz
    Eis Kulturkommissioun ass just emol um Rand an ouni Detailer iwwert d’Ausstellung informéiert ginn, eppes matzebestëmmen haten si net: wann een net gefrot gëtt, da kann ee jo och net Nee soen. Fir datt méiglech wéineg Transparenz an dem Ganzen ass, sollen d’Suen och iwwert de Cercle Culturel Claus Cito lafen.

    Firwat eng Ausstellung iwwert den éischte Weltkrich zu Käerjeng?

    Et muss een sech effektiv d’Fro stëlle wat den éischte Weltkrich esou speziell mat Käerjeng ze dinn huet … nämlech näischt: Käerjeng war net méi oder manner betraff wéi aner Gemengen aus eisem Land !
    Am Dokument, dat beim Budget vum 10. Oktober dobäi war, gëtt dann och kaum vu Käerjeng geschwat: et gëtt just bemierkt, datt mir 12 Kilometer viru Lonkech leien, dat deemools, am Ufank vum Krich, staark ëmkämpft war!

    Majoritéit: No eis een déift Lach
    Elo muss ee wëssen, datt d’Suen mat deenen dëse Subside vu 430.000 € finanzéiert gëtt, der Gemeng duerch eng Transaktioun an der Zone Industrielle Op Zaemer an de Schouss gefall sinn. Et kéint ee mengen, datt de Buergermeeschter a säi Schäfferot der neier Majoritéit, déi am Oktober 2017 no de Wahlen untriede wäert, nach just eidel Gemenge-Keesen hannerloossen wëllen.
    Datt si sech mat dëser Ausstellung en Denkmal sëtze wëlle läit net allze wäit. Mä do menge mir, datt si sech geschnidden hunn, d’Bierger wäerten dat schonns anescht gesinn.

    Eng national Ausstellung am Joer 2018
    DP vu Käerjeng seet, mat allem Respekt an Dankbarkeet vir d’Affer vun dësem grausame Krich mat senge 17 Milliounen Doudegen, datt esou eng Ausstellung d’ganzt Land eppes ugeet.
    Dofir ënnerstëtzt d’DP vu Käerjeng de Projet vum Kulturministère fir am Joer 2018 eng grouss, national Ausstellung op d’Been ze stellen.
    Mir schloe fir, datt Gemeng 2018 eng Rei vu Visitte vun der nationaler Ausstellung mat Busse vu Käerjeng aus organiséiert!
    Mir kënnen och mat eise Bierger eng 70 km op Verdun fueren. Dat alles kascht just ee Brochdeel vun der Käerjenger Ausstellung.

    Eis Positioun zur Ausstellung
    • Ee kloren NEE fir eng Ausstellung zu Käerjeng am Juni 2017
    • Ee kloren JO fir eng NATIONAL Ausstellung am Joer 2018!

    Mir wiere eis géint déi Nuebelschau déi, esou kuerz virun de Wahlen am Oktober 2017, de Buergermeeschter a seng wëlleg Majoritéit op d’Käschte vun de Bierger opféiert:
    • 430.000 € Subside vun der Gemeng déi op aner Plaze vill besser gebraucht ginn
    • D’Ausstellung soll am Juni 2017 lafen, a soll just 4 Wochen daueren
    • Et ginn vill Suen an d‘Hall 75 gestach, déi kuerz no der Ausstellung ofgerappt gëtt
    • Den éischte Weltkrich verdéngt eng national Ausstellung! Esou eng gëtt am Joer 2018 vum Kulturministère fir eis ganz Land organiséiert.
    Musse mir mat Gemengesuen, aus rengem lokalpoliteschem Interessi eraus, dëser nationaler Ausstellung Konkurrenz maachen? Bestëmmt net!

    Eng besser Gemengepolitik mat der DP

    Et gëtt héich Zäit datt zu Käerjeng erëm eng sozial an transparent Politik gemaach gëtt, esou wéi DP si virschléit, déi de Bierger an de Mëttelpunkt sëtzt, a wou eis Suen NET a Prestige-Projete verpolvert ginn.
    Mir hoffen, datt sech, nach zur Zäit, an der Majoritéit de politesche Verstand duerchsetzt, an datt si d’Sueverschwendung duerch dës onsënneg Ausstellung stoppt.
    Mir wäerten als Käerjenger DP hannert dësem däregen Dossier bleiwen a fir déi Transparenz suergen, déi déi aktuell Majoritéit net wëll!
    Wéi een esou seet “Affaire à suivre”

    Hei eise Flyer am PDF Format : Flyer 2016 GROUSSE KRICH ZU KÄERJENG ?