• Mat Häerz a Séil fir eis Gemeng Käerjeng
  • • Trefft eis Kandidaten, de 4. Oktober zu Käerjeng.

    PROGRAMM FIR EIS GEMENG NO VIR ZE BRÉNGEN.
    D’DP Käerjeng wëll staark an déi nächst Majoritéit kommen fir, an enger Koalitioun, eis Virschléi ëmsetzen. Dofir froe mir äert Vertrauen an är Ënnerstëtzung. D’DP steet fir eng oppen, fair a solidaresch Gesellschaft, an der Familljen, Jonk an Aal sech wuel fillen a gläich gutt Chancen hunn fir sech ze entwéckelen, fir sech anzebréngen, an un engem gesellschaftlechen, sozialen a wirtschaftleche Liewen deelzehuelen.

    D’Qualitéit vun der Gemeng hiren Déngschter ass eis grouss Suerg. Dozou gehéiert och een absolut verantwortlecht Ëmgoe mat de Steiersuen.

    Fir eis si Kultur, Sport, a gemengnëtzeg Engagementer de Kär vun engem wäertvollen Zesummeliewen an der Gemeng, iwwert Alter a Sproochegrenzen ewech, ouni Auslännerfeindlechkeet oder Ausgrenzung.

    Mir stinn an fir staark Betriber, déi gutt Aarbechtsplazen offréieren, a sech verantwortlech géigeniwwer vum Mënsch an nohalteg géigeniwwer der Ëmwelt behuelen.

    Mir hu kloer Iddie wéi de Schutz vun der Ëmwelt mat der nohalteger Entwécklung vun der Gemeng an Aklang ze bréngen ass.

    Op Basis vun engem Accord tëscht de Parteien ass mat 25 Millioune Budget vum Staat plus Subside fir d’Fusioun vun der Gemeng „Bascharage“ mat der Gemeng „Clemency“ vill nei Infrastruktur fir d’Allgemengheet, fir eis Kanner, fir de Sport an d’Kultur opgeriicht ginn, mä d‘Déngschtleeschtung um Bierger ass vernoléissegt ginn an déi uerdentlech Käschte vum Gemengebetrib sinn explodéiert an net méi am Grëff, d’Schold vun der Gemeng riskéiert ongebremst ze wuessen.

    D’DP vu Käerjeng huet an de leschte Méint mat Internet-Ëmfroen eis Bierger ëm hir Meenung zur Gemeng gefrot, wéi si haut ass a wouhin d’Gemeng sech entwéckele soll. Dës Bierger-Meenunge sinn an eisem Programm fir d‘Gemengewalen am Oktober 2017, déi mir Iech hei virstellen, verschafft ginn.

    Hei eise Programm am PDF Format : WALPROGRAMM 2017 - 2023